エピソード

  • Hei gëtt gesabbelt mam Patrick Marques
    2021/05/23
    Influencer aus Lëtzebuerg? Kléngt fir d'Éischt emol verréckt, gëtt et awer. Den Beweis dofir ass eisen Gaascht vun dëser Folge, den Patrick Marques, deen eis ënnert anerem och nach all eenzelen Knachen am Kierper problemlos zum Baschten bréngen kéint. Hien ass nämlech Karateka an der Nationalekipp an huet virun der Pandemie fir Olympia trainéiert.
    続きを読む 一部表示
    37 分
  • Hei gëtt gesabbelt mam T the Boss
    2021/05/17
    Wann een vum "T the Boss" schwätzt, verbënnt een domadder oft eng Lëtzebuerger Rap-Legend, déi schonn säit Joerzéngten net méi aus der nationaler Hip-Hop Zeen ewech ze denken ass. Mir hunn mat him an engem labberen Gespréich iwwert Gaming, seng Passioun fir den Fussballclub aus Barcelona, awer natierlech och iwwert Musek geschwat. Ech hoffen iech gefält dat sympathescht Gespréich genau esou gutt ewéi eis.
    続きを読む 一部表示
    38 分
  • Octopussy
    2021/05/02
    Wat ass déi beschte Schlofpositioun? Déi erfollegräichsten Mënschen schlofen um Réck, den Daniel net. Ausserdeem sinn Tëntefësch an Tentakelen an der Diskussiounsronn vertrueden (nee keen Fetisch-Talk) an ongewéinlech Fakten iwwert Déieren. Mir kéinten engem T-Rex warscheinlech labber fort lafen, wat den Film Jurassic Park vill manner spektakulär wierken léisst. An zum Schluss ginn et erëm Film-Tipps, stay tuned.
    続きを読む 一部表示
    33 分
  • Läichewon
    2021/04/12
    Den Daniel setzt ouni säin Mikro am iwwerraschend vereenten Portugal, an huet sech 1Slip méi agepaakt, am Fall wou eppes an d'Box geet, wien kennt dat net? Alt wéinstens reesen mir net mat enger Läich am Gepäck... Dout sinn ënnert anerem och definitiv d'Fraerechter an der Tierkei, spéitstens nom rezenten Tëschefall mam Ursula von der Leyen.
    続きを読む 一部表示
    27 分
  • Hurra, die Schule brennt!
    2021/04/04
    Den CR7 war zu Lëtzebuerg op Besuch an huet just Verwüüstung hannerlooss, dat zumindest am Stade Josy Barthel. Wéi den Folgentitel et vläicht vermudden léisst, gëtt och an dëser Episod erëm mächteg op eisen Bildungssystem geknëppelt. Mir stellen eis och Legitimitéit vum Genderen a Fro, an baséieren eis op en Interview vum Prof. Dr. Richard David Precht géigeniwwer der "Welt".
    続きを読む 一部表示
    34 分
  • DÄIWELSKÄREL
    2021/03/28
    GERSON RODRIGUES, DU DÄIWELSKÄREL!!! Wat hunn eis rout Léiwen een staarken Quali-Optakt an déi dach ganz ëmstridden WM am Katar dohin geluecht. Do kann een als Lëtzebuerger nëmmen houfreg sinn. Net sou houfreg ass dann wuel den Kapitän vun der "Ever Given", deen den hallwen Welt-Marché mat senger grandioser Aktioun lahm geluecht huet. Lahm geluecht ginn och elo Schnorrer-Accounts bei Netflix an schonn säit mëttlerweil 1 Joer den Kontakt ënnereneen, an dat stéiert virun allem eng Altersgrupp: déi Jugendlech. Déi versammelen sech trotzdeem, maachen Knascht an verbreeden den Virus. Mee wat vir een Choix hunn se ? Wat d'Episod méi laang gëtt, wat se méi asi gëtt, wéi dem Donald Trump seng Amtszäit.
    続きを読む 一部表示
    42 分
  • Haaptsaach e Vull
    2021/03/21
    De Mike zielt eis iwwert seng Erfarungen am Uespelter Schlass an doriwwer eraus gëtt iwwert dat ongeschriwwent Gesetz beim (Männer-)Pissoir geschwat; Männer, dir kennt dat all. An Holland ginn déi éischt Metadaten gesammelt wann Testpersounen sech an Concerts-Säll treffen, wien weess, villäicht kenne mir rëm gläich op een Otto Waalkes Optrëtt?! Des Weideren diskutéieren d'Lompekréimer hëtzeg iwwert d'Hierkonft vum Begrëff "Pappa" an wéini deen sech etabléiert huet. Eng reegelrecht Debatt gouf duerch dem Daniel seng Fro ausgeléist, op den Schoulsystem vun Grond op misst geännert ginn.
    続きを読む 一部表示
    46 分
  • De wäisse Slip
    2021/03/07
    Mask vergiess? Mat bëssen Kreativitéit ass dat allerdéngs guer keen Probleem. Mir schwätzen och weider iwwert den geplangten Space-Hotel, deen 2027 an Betrib goen soll. Prokrastinatioun ass an dëser Folge och mat vun... oh komm, mir schreiwen de Recht en aner Dag.
    続きを読む 一部表示
    45 分