エピソード

  • #14 - Marc Lies
    2026/03/26
    No iwwer 25 Joer an der Gemengepolitik, no iwwer 15 Joer Buergermeeschter, huet de Marc Lies d'lescht Joer ënnert net ganz einfache Konditiounen demissionéiert. An der neister Episod vun MIKROSKOP kuckt de Marc Lies zeréck op déi vill schéin a manner schéi Momenter an der Kommunalpolitik. Firwat ass Politik haut méi schwéier, wéi nach virun engem Véierels Joerhonnert, wéi kritt Hesper de Verkéiersproblem an de Grëff, wéi gesäit dem Marc seng Aarbecht an der Chamber aus a wat mécht de fréieren Izeger Futtballspiller haut a senger Fräizäit ? Dat a Villes méi gitt der an dëser Episod vum Podcast vun der CSV-Fraktioun gewuer.
    続きを読む 一部表示
    25 分
  • #13 - Georges Mischo
    2026/03/12
    No 2 Joer als Aarbechts- a Sportminister, ass de Georges Mischo zanter Uganks des Joers erëm Deputéierten um Krautmaart. Am Podcast Mikroskop schwätzt hien iwwert seng politesch Karriär. De groussen Erfolleg mat senger Ekipp zu Esch an awer och seng Demissioun zejoert als Minister. De Georges Mischo ass Sportler an also och Kämpfer. Hien ass motivéiert nach vill an der Politik ze bewierken.
    続きを読む 一部表示
    38 分
  • #12 - Jean-Paul Schaaf
    2026/01/16
    Ronn 20 Joer war de Jean-Paul Schaaf Buergermeeschter vun Ettelbréck, an och elo, als éischte Schäffe vun der Patton-Stad, läit him seng Heemecht an d'Nordstad nach ëmmer um Häerz. Mir schwätzen an dëser Episod iwwert déi geplangte Fusioun vu 4 Gemengen, mä natierlech och iwwert d'Aarbecht vum Jean-Paul Schaaf an der Chamber.
    続きを読む 一部表示
    35 分
  • #11 - Ricardo Marques
    2025/11/26
    Zu Iechternach, a senger Heemecht, hu mer de Ricardo Marques, de jéngsten CSV-Deputéierte getraff. Hien ass zanter eppes méi wéi engem Joer an der Chamber an erzielt, dass et net einfach war, nom Dout vum Max Hengel, fir hien nozeréckelen. De Ricardo mécht awer och Politik fir de Max mat ënnert anerem sengen Theme, wéi mental Gesondheet. Donieft schwätzt de Ricardo iwwert seng portugisesch Wuerzelen an am méi privaten Deel, verréit hien eis, firwat hien de "Kinnek vun Iechternach" ass.
    続きを読む 一部表示
    31 分
  • #10 - Marc Spautz
    2025/10/10
    De Marc Spautz ass den Invité fir déi parlamentaresch Rentrée. Den CSV-Fraktiounschef ass geléierte Mecanicien, hie war Gewerkschaftler an ass zanter 1994 an der Gemengen- an zanter 2004 an der Nationalpolitik, als Deputéierten an och kuerz Zäit als Minister. Firwat hien dacks als dat soziaalt Gewësse vun der Fraktioun bezeechent gëtt an d'Fraktioun net de Gesanksveräi vun der Regierung ass, dat verzielt de Marc Spautz an dësem Podcast. Dernieft gi mer awer och ënnert anerem gewuer wéi hien zum Äishockey komm ass.
    続きを読む 一部表示
    29 分
  • #9 - Claude Wiseler
    2025/06/20
    De Chamberpresident ass den Invité an der 9ter Episod vu "Mikroskop". De Claude Wiseler erzielt, wéi hien déi gréisst politesch Enttäuschung 2013 verkraft huet a firwat hien awer besonnesch de Poste vum Chamberpresident immens gären huet a wat hien nach wëll an der Chamber änneren. Donieft geet et ëm d'Wichtegkeet vun der Demokratie a mir léieren den éischte Bierger vum Land och Privat besser kennen.
    続きを読む 一部表示
    32 分
  • #8 - Laurent Mosar
    2025/05/22
    De Laurent, oder Laury, Mosar ass zanter iwwer 30 Joer an der Politik aktiv, lokal an der Stad an national an der Chamber. De Laury ass nach ëmmer ganz engagéiert, motivéiert a virun allem och gutt gelaunt. Wat dreift hien dann nach ëmmer all Dag un sech fir seng Matbierger anzesetzen a wat mécht de Laury privat......ausser Helene Fischer lauschteren ? Dat Alles gitt der an dëser Episod gewuer.
    続きを読む 一部表示
    33 分
  • #7 - Laurent Zeimet
    2025/05/07
    De Laurent Zeimet ass zanter ronn 14 Joer Buergermeeschter vu Beetebuerg an och zanter 2023 fir d'zweet an der Chamber. Mir schwätze mat him iwwert dat duebelt Engagement awer och iwwert seng Vergaangenheet als Journalist a firwat dass hien Droit studéiert huet.
    続きを読む 一部表示
    28 分