Mam grousse Start an déi nei Ära vun der Formel 1 ass och „Box Box“, de Formel-1-Talk vum Podcast „Sport aus der Heemecht“ elo lancéiert. An der éischter Episod probéieren de Ben an de Luc déi vill Froen, déi een sech no den éischten zwou Coursë ka stellen, ze beäntweren: Ass Mercedes iwwerhaapt ze klappen? Gett et eng Team-Order bei Ferrari? Wéi déif fale McLaren a Red Bull? Wat leeft schif bei Aston Martin? Wat kéint sech um Transfertmaart alles doen? Wat erwaart eis an de nächste Coursen? ... Mir wënschen iech vill Spaass! :)
Den Opbau vun der Episod:
0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.
---- Grousse Präis vun Australien ----
2'20" - Mercedes géint Ferrari un der Spëtzt.
7'00" - Debakel fir McLaren & Red Bull.
14'15" - Ass den George Russell iwwerhieflech?
17'10" - Kann den Isack Hadjar de Max Verstappen erausfuerderen?
22'30" - D'Nummer 4 bei Red Bull: Arvid Lindblad oder Liam Lawson?
24'30" - Steet de Franco Colapinto besser do wéi d'lescht Joer?
26'00" - D'Transparenz vum Mercedes-Motor.
27'45" - Dem Carlos Sainz seng Decisioun fir Williams a géint Audi / Sauber.
32'05" - Katastroph bei Aston Martin.
35'20" - Fatal Transferte vum Fernando Alonso.
---- Grousse Präis vu China ----
46'20" - Spektakel zu Shanghai.
47'45" - Ass Kimi Antonelli ee Kandidat op de WM-Titel?
55'10" - Keng Team-Order bei Ferrari.
63'45" - Dem Oliver Bearman seng Positioun an der Ferrari-Hierarchie.
67'35" - Den Opstig vun Alpine.
72'40" - De grousse Stuerz vu McLaren.
82'10" - Wat zeechent den Oscar Piastri aus?
---- Grousse Präis vu Japan ----
86'15" - Honda-Heemspill & wat nach méiglech ass fir Aston Martin.
91'00" - Wat dra beim Max Verstappen?
95'45" - Wat geschitt mat de Course a Bahrain & Saudi-Arabien?
101'25" - Outro vum Podcast.