『wild and free_lux』のカバーアート

wild and free_lux

wild and free_lux

著者: Michèle Heusbourg Michèle Bloes Tim Schickes
無料で聴く

今ならプレミアムプランが3カ月 月額99円

2026年5月12日まで。4か月目以降は月額1,500円で自動更新します。

概要

"Nondikass da maach dach elo mol - De Podcast fir deng perséinlech Weiderentwécklung"

Ee Podcast an enger klenger Gespréichsronn iwwert a fir perséinlech Entwécklung mam Michèle Bloes, Michèle Heusbourg an Tim Schickes.

Mir huelen dech mat an eis reegelméisseg Gespréicher um Stuffenteppech iwwert all Zort Themen déi eis sou op eisem Wee entgéint kommen a beschäftegen. Mir deelen domat eis Usiichten an Erkenntnisser a vläit kenne mer dech mat inspiréieren och emol eppes Neies ze maachen oder mat enger anerer Usiicht bedéngen.

Fann eis op Instagram: @wildandfree_lux

HeuMi 2024
個人的成功 自己啓発
エピソード
  • Nondikass - Liewen am Rhythmus vun der Natur
    2024/03/14

    Mir sinn all een Deel vun der Natur also géift et dach Sënn maachen och an deem Rhythmus an am Aklang mat der Natur ze liewen oder net?

    Wéi oft bass du an der Natur a wei vill kriss du dovun och bewosst mat? Wei eng Naturritualer oder Naturzyklen kann een am Alldag mat abauen an erliewen?

    Mir beschwätzen an dëser leschter Episode vun der Wantersaison wat do ënnert anerem méiglech ass.

    Merci fir d'Lauschteren an d'Ënnerstëtzen

    Fir weider Informatiounen iwwert eis an eis Aktivitéiten a Servicer:

    Telegram : wildandfree_lux

    Instagram: wildandfree_lux

    Facebook: Wild & Free Lux

    続きを読む 一部表示
    33 分
  • Nondikass - An der Rou läit deng Kraaft
    2024/03/07

    An der Rou fanne mer eis Kraaft an eis Kloerheet, dat ass schonn aalt Wëssen mee wei oft komme mer BEWOSST an d'Rou? Wei komme mer iwwerhaapt dohinner? Wei kréie mer Zougang zu engem vun deene schéinste Momenter vum Liewen no deem mer eis oft seenen.... d'komplett Rou a Geloossenheet.

    Um Teppech haut diskutéiere mer eis perséinlech Strategien a mat e bëssi Chance fënns du och an där Selektioun déi perfekt Method fir dech.

    続きを読む 一部表示
    26 分
  • Nondikass - Eegeléift, ass dat dat selwecht wei Egoismus?
    2024/02/29

    "Ech kucke mol fir d'éischt dass et mir gutt geet!"

    Weieng Reaktioun hues du op dee Saz? Kennt do fir dech ee risege "Jo, natierlech!" oder vläit éischter een "Boah wei egoistesch!"

    Eegeléift gëtt oft als Egoismus verstan a mir diskutéiere firwat dat oft sou gesi gëtt a wat Eegeléift fir eis bedeit.

    続きを読む 一部表示
    31 分
まだレビューはありません